Volley Bartreng dominéiert d'Coupe an de Jugendkategorien

© RTL-Archivbild
De Veräin huet et fäerdeg bruecht, fir an 8 vun 10 Coupefinalle vertrueden ze sinn.
Stroossen bei den Häre a Mamer bei den Dammen heeschen d'Coupegewënner 2022 am Volleyball. Nodeems 2 Joer keng Coupe konnt ausgespillt ginn, war de leschte Weekend nees e komplette Final 4 an hei huet ee Veräin d'Konschtstéck fäerdeg bruecht, fir gläich an 8 vun 10 Finalle vertrueden ze sinn.
Rieds geet vum Volley Bartreng. Wuel huet sech déi Bartrenger Härenekipp an der Finall géint Stroossen misste kloer mat 0:3 geschloe ginn, mee zu Bartreng gëtt laangfristeg um Erfolleg geschafft.
Schonn e Samschdeg konnte sech d'Jugendekippe vum Volley Bartreng an de Kategorien Minimes, Scolaires a Cadets all Kéier mat engem 3:0 d'Coupe sécheren. An och um Sonndeg waren déi Bartrenger nees staark vertrueden an hu sech zousätzlech an de Kategorien Cadettes, Juniores Dames a Juniores Hommes duerchgesat.
Do kann de President vum Volley Bartreng, Pino Colucci, natierlech houfreg sinn.
"Jo ganz, dat ass eenzegaarteg, datt mir déi 8 Ekippe vun 10 an der Coupe hunn. Mir schaffe ganz vill mat gudden Traineren."
An dobäi haten et déi Bartrenger net einfach. No den Iwwerschwemmungen de leschte Summer ass de Centre Atert net méi bespillspar a muss kärsaniéiert ginn. Donieft steet een a permanenter Konkurrenz mam lokale Basketballclub.
Hannert dem Erfolleg steet natierlech och vill Aarbecht, déi an der Haaptsaach vu Benevolle geleescht gëtt. Wéi vill aner Veräiner och huet de Volley Bartreng nach keng "Formule magique" fonnt, fir sech och an dem Beräich personell ze verstäerken. Den Pino Colucci huet awer och do en laangfristegen Usaz.
"D'Educatioun spillt am Benevolat eng ganz wichteg Roll. Wann déi Kleng vu klengem u gewinnt ginn, fir ze hëllefen, mengen ech, datt de Rescht matkënnt oder mat zitt oder d'Elteren zéien d'Kanner mat. Ech mengen do ass eng Aarbecht ze maachen."
Den nächsten Challenge fir de Volley Bartreng ass et fir déi sëllege Jugendspiller och laangfristeg am Veräin halen ze kënnen a si an d'éischt Ekippen ze integréieren.