Bei den Damme war et donieft den Optakt vun de Véierelsfinallen. Hei konnt sech Steesel iwwerraschend bei de Musel Pikes behaapten.

Um Samschdeg Owend huet sech bei den Hären d'Amicale Steesel als lescht Ekipp fir d'Halleffinalle qualifizéiert.

An engem extrem spannenden 3. Match ass d'Amicale Steesel auswäerts mat enger 82:76 (16:18, 19:19, 28:25, 19:14)-Victoire bei der Résidence als gléckleche Gewënner vum Terrain gaangen. Vun Ufank un hu sech béid Ekippe näischt geschenkt. Nom éischte Véierel hat d'Résidence d'Nues mat 2 Punkte vir, e Virsprong deen an der Paus och nach esou war. Nom 3. Quarter waren dunn awer d'Gäscht vu Steesel mat engem Punkt vir. D'Résidence huet sech am decisive Véierel awer schnell eng Avance vu 5 Punkten erausgespillt. D'Amicale huet weider dru gegleewt an huet innerhalb vun de leschten 2 Minutten de Match nees gedréint. Nodeems d'Amicale sech an den 3. Match gerett hat, hu si sech elo fir déi nächst Ronn qualifizéiert.

Nieft der Résidence hate sech jo schonn de Basket Esch, den T71 Diddeleng wéi och d'Etzella Ettelbréck fir d'Ronn vun de leschte 4 qualifizéiert. D'Amicale spillt elo géint d'Etzella. Den anere Match heescht Basket Esch géint den T71 Diddeleng. D'Halleffinalle ginn ab dem 9. Abrëll och am Modus Best-of-Three gespillt.

Resultater Hären

Playdown

Playdown Hären

Dammen

Déi éischt Véierelsfinall bei den Damme gouf um Samschdeg kloer vu Walfer gewonnen. Um Enn huet sech d'Résidence verdéngt mat 71:58 (16:16, 20:8, 21:18, 14:16) géint de Basket Esch duerchgesat. Am Ufank war d'Partie nach ausgeglach, mee am 2. Quarter konnten d'Gäscht de Rhythmus net matgoen. D'Heemekipp ass nom Säitewiessel weider um Drécker bliwwen. Esch huet gutt dogéint gehalen, konnt de Réckstand aus der 1. Hallschent awer net méi ophuelen.

Och den Tabellenéischten aus der Qualifikatioun T71 Diddeleng huet en héijen 107:74 (29:15, 22:21, 33:18, 23:20)-Succès géint d'Etzella Ettelbréck gefeiert. Nadia Mossong a Co. hunn dem Match vun Ufank un de Stempel opgedréckt. Nom éischte Véierel hat den T71 schonn eng Avance vu 14 Punkten. D'Gäscht sinn dono besser an der Match komm, konnten de fréie Réckstand awer net verkierzen. Nom Säitewiessel ass bei de Gäscht net méi vill zesumme gelaf an Diddeleng huet net labber gelooss. Um Enn huet de Favorit verdéngt mat 33 Punkten Ënnerscheed gewonnen.

Eng spannend Partie gouf et op der Musel tëschent de Pikes an der Amicale Steesel. D'Gäscht hunn iwwerraschend mat 82:70 d'Iwwerhand behalen. De Favorit aus dem Osten huet sech schwéier gedoen a sou war de Match vun Ufank un ausgeglach. Am zweete Véierel waren d'Gäscht liicht besser a konnte mat engem knappen Avantage an d'Paus goen. An der Suite hunn d'Pikes an de Match fonnt a konnten den 3. Véierel mat 20:14 fir sech entscheeden. Steesel huet awer nach emol opgedréint an huet duerch eng staark Leeschtung am leschte Quarter d'Partie fir sech entscheet.

Am leschte Match huet sech de Gréngewald mat 77:65 (20:21, 20:13, 22:14, 15:17) géint den AB Contern behaapt. D'Gäscht ware nach gutt an de Match komm. Duerno huet d'Heemekipp dominéiert an um Enn eng verdéngte Victoire gefeiert.

D'Véierelsfinalle gi wéi bei den Hären am Best-of-Three Modus gespillt.

Resultater Dammen 1/4-Finallen

Playdown

Playdown Dammen