Um 81. Kongress vun der FLTT gouf sech awer och Suergen ëm déi finanziell Situatioun gemaach. Op sportlechem Plang kuckt een op e staarkt Joer zréck.

Direkt am Ufank vum Kongress vun der Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun, deen de Mëtteg zu Mäertert war, huet den André Hartmann, de Sportminister Georges Engel zwar entschëllegt, gläichzäiteg huet den FLTT-President awer bedauert, datt kee Vertrieder vum Sportsministère an och kee vum Lëtzebuerger Comité Olympique et fir néideg fonnt huet, op der Generalversammlung vun enger vun deene gréisste Sportfederatiounen am Land present ze sinn.

Den André Hartmann mécht sech eng Rei Suergen. Duerch d'Pandemie huet een an der Dëschtennisfederatioun bei den Equippen e Réckgang vun 20 Prozent festgestallt, vu 408 Equippen ass et op 328 zeréckgaangen. Bei den aktive Spiller ass et e Minus vu 15 Prozent. Well vill Spiller d‘Summerpaus ze laang fannen, ass elo virgesi fir eng Kompetitioun tëscht Mëtt Juni a Mëtt Juli, de sougenannten Summer Cup, ze organiséieren. De Präsident vun der FLTT huet och ënnerstrach datt vu staatlecher Säit, notamment wat déi finanziell Ënnerstëtzung fir administratiivt an technescht Personal ugeet, an d'Luucht muss goen. Am Moment wär de Subventiounsplafong souwisou ze niddreg fir déi Leit. Et wär vun der Säit vum Sportsministère och net virgesinn, fir dat an Zukunft ze erhéijen. Wann d'nächst Joer keng Hëllef vu staatlecher Säit kéim, misst een bei der FLTT op de Wee goe, fir d'Bäiträg vun de Veräiner ze erhéijen fir déi Mammutaufgaben vun der Federatioun weiderhi kënnen ze erleedegen.

De Sportminister an och de COSL misste sech dem Themekomplex vum Rekrutement vu jonke Sportler an vu Benevollen nach méi wéi jee unhuelen. Déi meescht Aktiounen vun de leschten 10 Joer géifen ouni Effekt bleiwen. Wat de Rekrutement vun de Jonken ugeet, sinn awer och d'Veräiner gefuerdert. D‘FLTT zesummen mat der Eneps bidden an Zukunft méi Trainerformatiounen un.

Op sportlechem Plang war et bei der Dëschtennisfederatioun d'Joer vun de Superlative mat der Bronzemedail am Dubbel vum Ni Xian Lian zesumme mam Sarah de Nutte op der Weltmeeschterschaft zu Houston an den USA zejoert am November. Déi zwee sinn an der aktueller Dubbel-Weltranglëscht op der 3. Plaz, hannert enger chineesescher an enger japanescher Koppel a sinn deemno d'Nummer 1 an Europa.

Um 81.Kongress vun der FLTT waren dann och Walen. Den André Hartmann, deen elo schonn zanter 24 Joer President ass, gouf mat 8 weidere Membere fir déi nächst 2 Joer par acclamation erëmgewielt.

Bei de Statuten an de Reglementer goufen et méi laang Diskussiounen, bei deenen dann och eng Rei Punkten, wéi zum Beispill, déi vun engem Referendum oder enger beschränkter Ofstëmmung wärend enger Saison, oder engem prinzipielle Beschloss vun engem neie Klassementssystem, op déi nächst Generalversammlung verluecht goufen.