Hueschtert-Folscht a Lénger wannen éischte Match an der Best-of-3-Serie

© pressphoto Archiv
E Sonndeg stoungen am nationalen Dëschtennis déi éischt Halleffinallen um Programm, déi an enger Best-of-3-Serie gespillt ginn.
Hueschtert-Folscht konnt sech mat 5:3 géint Rued duerchsetzen an huet domat d'Revanche geholl fir déi verluere Coupe-Finall. Dobäi huet et deels guer net gutt ausgesi fir de Favorit vun Hueschtert. Um Enn hunn awer de jonke Maël van Dessel an de Gleb Shamruk zwee ganz wichteg Matcher fir sech decidéiert.
Tëscht dem DT Lénger an Éiter Waldbriedemes war et nach een Tick méi spannend. Hei konnt sech Lénger knapps mat 5:4 duerchsetzen. Decisiv war hei virun allem de Christian Kill, dee seng zwee Eenzel gewonnen huet an och mam Frane Runjic zesummen den decisiven Dubbel gewanne konnt.