Bei den Damme ka sech Steesel fir d'Halleffinall qualifizéieren. Tëscht Esch a Walfer an tëscht Conter an dem Gréngewald kënnt et zu engem 3. Match.

Um Samschdeg den Owend war an der LBBL bei den Hären den Optakt vun den Halleffinallen. An dëser éischter Halleffinall ass de Basket Esch op den T71 Diddeleng getraff. Vun Ufank un war et e Match op Aenhéicht an deem sech keng Ekipp sou richteg ofsetze konnt. Et war awer den T71, dee mat engem Avantage vu 4 Punkten an d'Paus gaangen ass. Am 3. Véierel konnt Esch dëse Réckstand dann awer an eng kleng Avance ëmwandelen. Am leschte Véierel huet Diddeleng awer net opginn an ass un Esch dru bliwwen. Et sollt awer net méi duergoen, fir de Match nach eng Kéier ze dréinen an domadder wënnt Esch knapps mat 80:74.

D'Halleffinalle ginn am Modus Best of Three gespillt.

Resultater Hären

Playdown

Playdown Hären

Dammen

Bei den Damme stoungen um Samschdeg 3 Matcher vum 2. Spilldag am Best-of-Three-Modus vun de Véierelsfinallen um Programm.

Am éischte Match vum Owend kruten d'Spectateuren direkt e richteg spannende Match gebueden. De Basket Esch an d'Residence Walfer hu sech an der éischter Hallschent näischt geschenkt an ni war d'Differenz tëscht den zwou Ekippe méi grouss wéi 4 Punkten. Am 3. Véierel konnt sech Esch dann awer bëssen ofsetzen an esou ass ee mat engem Virsprong vu 7 Punkten an de leschte Véierel gaangen. Am leschte Véierel hu se hire Virsprong weider ausgebaut. Um Enn gewanne se mat 65:56 an erzwéngen domadder en 3. an entscheedende Match.

Och den Duell tëscht Conter an dem Gréngewald war extrem spannend a béid Ekippe louche bei de Punkten am leschte Véierel ëmmer ganz no beieneen. Conter huet misse gewannen, fir en 3. Match ze erzwéngen, an dat ass hinnen um Enn mat engem 67:64 och gelongen.

Am Match tëscht der Amicale Steesel an de Musel Pikes huet et nom éischte Véierel esou ausgesinn, wéi wann d'Amicale dëse Match kéint dominéieren. Am zweete Véierel hunn d'Musel Pikes den Ecart awer net méi grouss gi gelooss, éier se am 3. Véierel de Réckstand vun 12 Punkte bal ganz ophuele konnten. Am leschte Véierel war et dann e ganz enke Match op Aenhéicht. D'Verlängerung huet dann dëse Match missen entscheeden. No där konnt sech Steesel mat 81:75 duerchsetzen an domadder sti si als éischt Ekipp fir d'Halleffinall fest.

Resultater Dammen 1/4-Finallen

Playdown

Playdown Dammen