Hueschtert-Folscht wënnt géint Rued a steet an der Finall

© Archiv
E Sonndeg stoungen am nationalen Dëschtennis déi zweet Halleffinallen vun der Best-of-3-Serie um Programm.
Tëscht Rued an Hueschtert-Foulscht kruten d’Spectateuren ee ganz spannende Match gebueden, deen um Enn mat 5:4 un Hueschtert-Folscht gaangen ass. De Gleb Shamruk an de Mats Sandell waren déi decisiv Spiller, si hunn alle béid hir zwee Matcher fir sech entscheet an och am Dubbel d’Iwwerhand behalen. Hir Ekipp steet domat an der Finall, well si och schonn déi éischt Halleffinall géint Rued gewonnen hat.
Eiter-Waldbriedemes konnt sech souverän géint den DT Lénger duerchsetzen. Zwar war Lénger nach mat 1:0 a Féierung gaangen, duerno huet d’Lokalekipp de Match awer dominéiert an um Enn mat 5:2 gewonnen. Domat kënnt et an zwou Wochen zum drëtten an entscheedende Match tëscht béiden Ekippen.