Steesel gewënnt déi 1. Halleffinall bei der Etzella

© Shari Schenten
Bei den Damme setzt Diddeleng sech souverän bei der Etzella duerch a steet als zweet Ekipp an den Halleffinallen.
E Sonndeg war am Basketchampionnat bei den Hären den zweete Match vum 1. Spilldag vun den Halleffinallen tëscht der Etzella a Steesel. Nodeems sech um Samschdeg schonn Esch géint Diddeleng duerchgesat hat, hunn hei d’Gäscht vu Steesel d'Iwwerhand behalen. D’Etzella ass mat engem Virsprong vun 3 Punkten aus dem éischte Véierel gaangen, ma am zweete Véierel huet Steesel opgedréint an hat an der Paus eng Féierung vun 10 Punkten. Du gouf et ee ganz enke Match, soudass d’Amicale och no 30 Minutten nach eng Avance vun 10 Punkten hat. Zum Schluss ass d’Etzella nach eemol erukomm, ma et ass net méi duergaangen fir de Match ze dréinen. Sou geet d’Partie mat 85:90 (24:21, 14:27, 19:19, 31:27) op en Enn.
Resultater Hären
An der Nationale 2 vun den Hären huet sech Zolwer e Sonndeg den Owend mat 96 op 71 géint Mamer duerchgesat. Domat ass Zolwer nieft dem Gréngewald déi zweeten Equipe, déi d'nächst Saison an der LBBL spillt.
Och d'Damme vun Zolwer hate jo schonns rezent den Opstig perfekt gemaach.
Dammen
Bei den Damme war et iwwerdeems déi lescht Partie vum 2. Spilldag vun de Véierelsfinallen. Hei hat de Favorit aus Diddeleng keng Problemer bei der Etzella a konnt dat zweet Duell mat 94:61 (19:23, 17:23, 16:27, 9:21) fir sech entscheeden. No der däitlecher Victoire um 1. Spilldag steet den T71 no Steesel domat als zweet Ekipp an der Halleffinall.