D'Luxrollers bleiwen der Sportswelt erhalen
Zanter gutt 2 Joer hunn d'Luxrollers dëse Weekend nees hiren éischte Match am Rehazenter gespillt.
Dat war och wichteg, well opgrond vun der Pandemie an dem Manktem un Trainingsméiglechkeeten, mee och Matcher, déi net konnten organiséiert ginn, stoung eng Opléisung vun de Luxrollers am Raum.
Déi wichteg Info awer emol: d'Luxrollers spille weider Basket am Rehazenter um Kierchbierg. Duerch Gespréicher, déi ënnertenee gefouert goufen awer och mat der Direktioun vum Rehazenter hunn d'Luxrollers erëm Perspektiven. Einfach Zäite sinn et fir si den Ament awer nach ëmmer net.
"D'lescht Joer hu mir eis wierklech d'Fro gestallt: Mécht et nach Sënn fir unzefänken? Et huet awer een oder deen anere Spiller, dee schonn laang dobäi ass, sech Gedanke gemaach, fir opzehalen. Duerno hunn awer och nei Spiller ugefaangen an doduerch ware mir nees motivéiert, fir eng Ekipp op d'Been ze setzen.", erkläert de Raymond Schintgen.
Am Januar koum déi batter Nouvelle, dass d'Saison 2021-22 erëm annuléiert gouf. Dowéinst stinn den Ament emol Frëndschaftsmatcher um Programm, fir nees Kompetitiounserfarung ze sammelen.
"An dat war och d'Zil. Et soll Spaass a Freed maachen a fir eemol nees zesummenzekommen."
An dëser Partie géint Heidelberg hunn d'Spiller den Trainingsmanktem awer gespuert, well d'Treffsécherheet nach net esou do war.
"Et war d'Treffsécherheet éischtens emol a mir hunn och nogelooss an da geet ee Véierel duer, dass déi aner Ekipp d'Differenz, wat trotzdeem eng vun deene stäerksten Ekippen aus der Regionalliga ass, ka maachen."
Och wann dëse Frëndschaftsmatch verluer gaangen ass, war d'Resultat zweetrangeg. Haaptsaach et konnt een nees spillen.
"Déi nei Spiller déi dobäikomm sinn, déi si ganz motivéiert. Mir sinn och bal ëmmer komplett um Training a mir hoffen, dass mir dëst Joer effektiv d'Saison 22-23 am Oktober oder November ukommen an hoffen natierlech, dass mir déi och ganz kënnen duerchspillen."