E Freideg den Owend ass am Dammevolleyball d'Decisioun ëm déi drëtte Plaz am Championnat gefall.

Sollte sech am éischte Saz nach d'Damme vu Mamer duerchsetzen, war d'Konkurrenz vu Stengefort um Enn déi méi staark Ekipp.

E Samschdeg sollt eigentlech d'Suite vun de Finalle sinn, ma wéinst e puer Corona-Fäll muss d'Partie tëscht Gym a Walfer ofgesot ginn. Dat huet de Volleyball-Verband e Freideg am fréien Owend matgedeelt.

Bei den Häre kéint sech Stroossen mat enger weiderer Victoire géint Bartreng schonn den Titel sécheren. A bei den Damme geet Walfer och nach eng Victoire géint d'Gym duer. Déi Partie gëtt awer net e Samschdeg gespillt, dat well de Match wéinst Corona ofgesot gouf.