An der decisiver drëtter Halleffinall huet sech Lénger 5:2 géint Éiter-Waldbriedemes duerchgesat.

Lénger steet fir d'éischte Kéier an der Finall vum Dëschtennischampionnat. An der decisiver Halleffinall huet ee sech géint Éiter-Waldbriedemes mat 5:2 duerchgesat.

Domadder maachen Hueschtert-Foulscht a Lénger de Championstitel ënnert sech aus. Déi éischt vu maximal dräi Finalle gëtt den nächste Weekend gespillt.