Dammevolleyball
Walfer setzt sech kloer an der 2. Finall duerch an ass Champion
D'Gym huet am 1. an am 3. Saz alles ginn. Um Enn sollt et awer net duergoen, fir en drëtte Match géint Walfer ze erzwéngen.
No der Victoire am éischte Match huet sech Walfer an der 2. Finall kloer mat 3:0 duerchgesat. Den éischte Saz war nach relativ ausgeglach. Trotzdeem huet Walfer dee mat 25:21 fir sech entscheet. Am 2. Set war d'Gym komplett ofgemellt an d'Heemekipp konnt just 9 Punkte markéieren. Am drëtte Saz huet d'Gym nach emol dogéint gehalen, mee och do sollt ee mat 20:25 de Kierzeren zéien.
Walfer huet sech no 2 Victoiren am Best-of-Three-Modus duerchgesat an huet säi Meeschtertitel verdeedegt.
Resultater Dammen
Playdown Dammen an Hären
Hären Playdown
Dammen playdown
Am meeschte gelies