E Sonndeg de Mëtteg war déi zweet Finall vun der Best-of-3-Serie am Dëschtennischampionnat tëscht Hueschtert-Foulscht a Lénger.

Um Enn konnt Hueschtert-Foulscht sech mat 5:2 zu Lénger duerchsetzen a feiert domat den 1. Championstitel an der Veräinsgeschicht.

Zwar ware vill Matcher ganz serréiert, um Enn konnt awer virun allem de Maël van Dessel op en Neits iwwerzeegen a seng 2 Matcher gewannen. Op Säite vu Lénger war et de Christian Kill, deen déi eenzeg Matcher fir seng Ekipp gewanne konnt.

Eng entscheedend Defaite gouf et wuel fir den Arlindo de Sousa géint de van Dessel, deen en 0:2-Réckstand nach konnt dréinen an de Score op 3:1 fir Hueschtert-Foulscht gesat hat.

Hueschtert-Foulscht gëtt domat der Favoritteroll an dëser Finall gerecht an huet de ganze Championnat ouni eng Néierlag ofgeschloss.