Bei den Damme gouf et eng Victoire fir den Chev Dikrech beim Escher VBC, bei den Hären hat Iechternach keng Problemer mam VB Amber-Lënster.

Um Sonndeg ass et am nationale Volleyball zu de Barragematcher vun der Nationaldivisioun komm. Bei den Häre stounge sech Amber-Lënster an Iechternach géintiwwer, bei den Dammen hunn den Escher VBC an den Chev Dikrech ëm d’Plaz an der ieweschter Liga gespillt.

Hei konnt sech Dikrech mat 3:1 (27:25, 25:11, 24:26, 25:19) zu Esch duerchsetzen. Nodeems deen éischte Saz nach ganz serréiert war a mat 27:25 un Dikrech gaangen ass, konnten si deen zweete Saz däitlech mat 25:11 fir sech entscheeden. Ma d’Spillerinne vun Esch hu sech awer net opginn a konnte sech am drëtte Saz mat 26:24 behaapten. Dunn huet Dikrech awer de Sak zougemaach an de véierte Saz mat 25:19 gewonnen, woumat si och d’nächst Joer nees an der héchster Divisioun wäerte vertruede sinn.

Bei den Hären huet de VB Iechternach iwwerdeems näischt ubrenne gelooss a souverän mat 3:0 (25:20, 25:22, 25:16) géint de VB Amber-Lënster gewonnen. Och hei huet de Veräin aus der ieweschter Divisioun also d’Iwwerhand behalen.

Den Detail vun de Barragematcher

Hären Barrage

Dammen Barrage