No Slowenien spillen d’Lëtzebuergerinnen elo géint Estland, Schweden a Portugal, déi alleguerten am Ranking besser placéiert sinn.

Um Dënschdeg de Moien huet d’Volleyballnationalekipp vun den Dammen um Findel den Depart a Richtung Maribor geholl, fir op hiren éischte Match vun der Silver League e Mëttwoch den Owend géint Slowenien. Et ass fir zweete Kéier, no 2021, datt d’FLVB-Selektioun un dëser Kompetitioun deelhëlt, déi sech dës Kéier iwwert e ganze Mount zitt.

Virschau op d'Silverleague - Reportage vum Marc Burelbach

Iwwerdeems d’CEV Volleyball Silver League d’lescht Joer wéinst der Pandemie a Form vun Tournoien ausgedroe gouf, ass déi europäesch Konfederatioun fir d’Editioun 2022 nees zréck op de Modus vum Allez-Retour gaangen.

Dëst bedeit natierlech eng ganz aner Ufuerderung un d’Spillerinne vun den Trainere Fabio Aïuto a Ben Angelsberg.

Insgesamt si fënnef Ekippe fir Silver League gemellt. Den éischte Match fir Lëtzebuerger Dammen ass um Mëttwoch den Owend a Slowenien, eng Ekipp déi d’lescht Joer op der drëtter Plaz ofgeschloss huet an déi fir Carla Mulli e gudde Point de Depart ass.

Bei de Lëtzebuerger huet d’Isabelle Frisch den Nationaltrikot un de Nol gehaangen, dofir si Betty Hoffmann, Maryse Welsch an och Annalena Mach nees am Kader mat dobäi.

E wichtege Facteur wäert och d’Carla Mulli spillen, wat an der héchster Liga an Holland beim VV Utrecht ënner Kontrakt steet a wäertvoll Erfarunge matbréngt.

No Slowenien spillen d’Lëtzebuergerinnen och nach géint Estland, Schweden a Portugal. Géigner, déi am Ranking iwwert de Lëtzebuergerinne stinn a wou een d’Ambitioune muss deementspriechend upassen.

E Sonndeg um 16 Auer ass dann den éischten Heemmatch fir Red Lion Ladies an der Coque géint Estland.