D’Boston Celtics wanne mat 100 op 96 géint Miami an domadder och d’Serie vun der Eastern Conference mat 4-3.

An der Finall geet et fir Boston da géint d’Golden State Warriors, déi sech géint d'Dallas Mavericks duerchgesat haten. D'Celtics stinn déi 1. Kéier zanter 12 Joer nees an de Finals. Hire leschten Titel konnte se am Joer 2008 gewannen.

Den éischte Match aus der Serie "Best of seven" ass an der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg eiser Zäit.