FuttballMuratovic verléisst den F91 a wiesselt op de Racing

RTL Lëtzebuerg
Am nationale Futtball ass et d’Nouvelle, dass den Edvin Muratovic an der nächster Saison fir de Racing spillt.
© pressphoto

De 25 Joer ale Stiermer verléisst domat d’Ekipp aus der Forge du Sud, wou hien dës Saison a 24 Matcher aacht Goler an eng Virlag zum Championstitel konnt bäidroen.

De Muratovic ass den Ament mat der lëtzebuergescher Nationalekipp am Kader vun de véier Matcher an der Nations League ënnerwee, déi deemnächst um Programm stinn.

Back to Top
CIM LOGO