De serbesche Basketball-Star huet säi Kontrakt bei den Denver Nuggets fir eng Rekordzomm ëm 5 Joer verlängert.

De 27 Joer ale NBA-Spiller, deen 2 Mol hannerteneen als wäertvollste Spiller gehandelt gouf, kritt Medieberichter no 264 Milliounen US-Dollar fir de Mega-Deal. De bis ewell déckste Kontrakt an der NBA-Geschicht.

E säftege Kontrakt soll awer och den Devin Booker bei de Phoenix Suns kritt hunn. Hei huet de Veräin op de sougenannten "Designated Veteran Player Extension" gesat. Fir den neie 4-Jores-Vertrag hunn d'Suns Berichter no 215 Milliounen US-Dollar op den Dësch geluecht. E weideren Top-Verdénger ass de Bradley Beal, deen zum Optakt vun der Free Agency e 251- Milliounen-Vertrag bei de Washington Wizards iwwer 5 Joer ënnerschriwwen huet.

Den däitschen Nationalspiller Isaiha Hartenstein wäert iwwerdeems de Club wiesselen. Vun de Los Angeles Clippers zitt en hie bei d'New York Knicks, wou hie fir déi nächst 2 Joer ronn 16,3 Milliounen Dollar kritt. Och de Jalen Brunsen wäert bei d'Knicks wiesselen. De Star bei den Dallas Mavericks soll fir e 4-Jores-Deal 104 Milliounen US-Dollar kréien.