Dammebasket
T71 Diddeleng spillt Gruppephas vum EuroCup, Gréngewald muss an d'Qualifikatioun

En Donneschdeg huet d'Fiba annoncéiert, datt d'Damme vum T71 Diddeleng an der Gruppephas vum EuroCup 2022/2023 dobäi sinn.
D'Lëtzebuerger Championnë mussen deemno keng Qualifikatioun spillen, mee stinn direkt an der Gruppephas, wou si op d'mannst 6 international Matcher wäerte spillen, dovunner 3 doheem zu Diddeleng.
D'Damme vum Gréngewald mussen iwwerdeems an d'Qualifikatioun.
Am meeschte gelies