Beim WTT Star Contender zu Budapest konnten d'Dëschtennisspillerinne Sarah De Nutte an Ni Xia Lian am Dubbel op en Niets hir Stäerkt demonstréieren.

An der Aachtelsfinall wënnt déi Lëtzebuerger Koppel mat 3:0 géint d'Vize-Europameeschterinnen Nina Mittelham a Sabine Winter aus Däitschland. Hir Géignerinne fir d'Véierelsfinall stinn nach net fest.