Zwee nei Amerikaner fir d'Arantia Fiels

© AFP Archiv
De BBC Arantia Larochette huet zwee nei Non-JICL-Spiller verflicht. De Steven Julian an den Jamison Overton.
Domat komplettéieren déi zwee 1,98 Meter grouss US-Amerikaner de Kader vun de Fielsser. De 25 Joer ale Steven Julian kënnt vun der Cornell University an huet duerno fir Sangalhos a Portugal gespillt.

© BBC Arantia Larochette
De Jamison Overton ass vun de Utah Valley Wolverines an d'Fiels gewiesselt an huet do virdru fir d'Weber State University gespillt.

© BBC Arantia Larochette
Weider Zougäng fir d'Arantia Larochette sinn de Laurent Majerus an de Mykolas Maindron.
D'Fielsser hunn ausserdeem matgedeelt, dass se sech vun hiren zwee aneren Non-JICL-Spiller, dem Tyrell Sturdivant an dem Duane Johnson, trenne wäerten.
Och de Sam Ferreira verléisst d'Arantia a wiesselt op Mamer.