Coupe am Basket: 1/16-Finallen
Mat Diddeleng a Steesel treffen zwou Spëtzenekippen openeen

© AFP (Archive)
En Dënschdeg goufen d'1/16-Finallen am Härebasket ausgeloust. Dobäi sti Bartreng, Esch, Ettelbréck, Walfer, Hiefenech an d'Fiels sécher an der 1/8-Finall.
Openeen treffe wäerten an de 1/16-Finalle vun den Hären:
- Avanti Munneref - Hedgehogs Nidderkäerjeng
- Racing Lëtzebuerg (+10) - Résidence Walfer
- Nitia Beetebuerg (+10) - Mambra Mamer
- East Side Pirates Berbuerg (+20) - Musel Pikes
- Rebound Préizerdaul (+10) - BC Mess
- BBC Käldall (+10) - Black Star Miersch
- Black Frogs Schieren (+10) - BBC Gréngewald Hueschtert
- Telstar Hesper (+10) - Les Sangliers Wooltz
- T71 Diddeleng - Amicale Steesel
- Kordall Steelers (+10) - AB Contern
D'Matcher ginn de 5. an de 6. Oktober gespillt.
Bei den Dammen ass den 28. September eng Partie an der Coupe. Hei spille Miersch (+10) a Conter géinteneen.
Am meeschte gelies