Däitschland, Slowenien a Griichenland an der Véierelsfinall

© AFP
Bei der Euro Basket-EM stinn dëse Weekend zu Berlin d'Aachtelsfinallen um Programm. Um Sonndeg den Owend huet Serbien iwwerraschend géint Italien verluer.
Nodeems d'Virronn nach an Däitschland, Georgien, Italien an Tschechien gespillt gouf, ginn d'Finalronnen alleguerten zu Berlin gespillt.
Um Samschdeg war zu Berlin dann och d'Lokalekipp géint Montenegro gefuerdert. Dennis Schröder a Co. hunn den Drock beim Heemspill Stand gehalen an hu mat 85 zu 79 géint Montenegro d'Iwwerhand behalen. Frankräich konnt sech iwwerdeems an engem ganz spannendem Match no Verlängerung mat 87:86 géint Tierkei duerchsetzen. Slowenien huet mat 88:72 géint d'Belsch gewonnen a Spuenien klappt Litauen no Verlängerung mat 102:94.
Um Sonndeg stoungen du weider Matcher um Rendez-vous. Den Optakt huet d'Ukrain géint Polen gemaach. Hei konnte sech d'Pole mat 94:86 behaapten; Géigner an der nächster Ronn ass elo Slowenien. Finnland klappt Kroatien mat 94:86 a spillt elo géint Spuenien an der 1/4-Finall. Um Owend huet dunn nach Serbien iwwerraschend mat 86:94 de Kierzere géint Italien gezunn. D'Italieener spillen elo géint Frankräich. Als lescht Ekipp huet Griichenland den Ticket fir déi nächst Ronn geléist. An engem enke Match huet ee sech mat 94:88 géint Tschechien behaapt. Nächste Géigner ass Däitschland.
D'Véierelsfinalle ginn den 13. a 14. September gespillt. D'Finall ass den 18 September.
Den Iwwerbléck vun de Véierelsfinallen
Däitschland - Griicheland
Frankräich - Italien
Slowenien - Polen
Spuenien - Finnland