D'Lëtzebuerger Basketballfederatioun hat de Samschdeg de Moien hiren uerdentleche Kongress zu Wolz.

An e puer Interpellatioune vun de Veräiner gouf als Haaptproblem de Manktem un disponibelen Halen ugeschwat.

D‘Assemblée ass roueg iwwert d‘Bün gaangen. D‘Finanze si gutt. D‘Federatioun verdeelt Bäll un d‘Veräiner am Wäert vun 58.000 Euro, fir de Basketball ze promouvéieren.

De Pit Kessler, dee sech ënnert anerem jorelaang ëm de Spillplang bei der FLBB gekëmmert huet, hält no 18 Joer am Verwaltungsrot op a krut fir seng Verdéngschter Merci gesot.

RTL

© Gilles Tricca