En Donneschdeg gouf zu Stroossen déi nächst Ronn an der Coupe am Dammebasket ausgeloust. A 4 Partië sti sech dobäi Ekippen aus der 1. Liga géigeniwwer.

D'Matcher, déi en Donneschdeg gezu goufen, wäerten tëscht dem 9. an dem 10. November gespillt ginn. Eng genee Auerzäit steet iwwerdeems nach net fest.

D'Auslousung vun den 1/8-Finallen

  • Etzella Ettelbréck (LBBL) - Les Sangliers Wooltz (LBBL)
  • Basket Esch (LBBL) - Résidence Walfer (LBBL)
  • BBC Gréngewald Hueschtert (LBBL) - Musel Pikes (LBBL)
  • Kordall Steelers (Nationale 2) - AB Contern (LBBL)
  • Telstar Hesper (Nationale 2) - AS Zolwer (LBBL)
  • East Side Pirates Berbuerg (Nationale 2) - T71 Diddeleng (LBBL)
  • Amicale Steesel (LBBL) - Sparta Bartreng (LBBL)
  • Black Frogs Schieren (Nationale 2) - BC Mess (Nationale 2)