Weltmeeschterschaft an Australien
Eeleft WM-Gold fir d'US-Basketballerinnen

© AFP
D'Basketballerinnen aus den USA sinn hirer Favoritteroll bei der Basket-WM an Australien gerecht ginn.
Fir d'eeleft Kéier hu sech d'Dammen aus den USA Gold bei enger WM am Basketball geséchert. De Rekordgewënner huet sech an der Finall vu Sydney mat 83:61 (43:33) géing China duerchgesat a fir déi véierte Kéier noenee gewonnen. Domadder sinn d'Olympiagewënnerinne bei der WM zanter 30 Matcher ouni Néierlag.
Virun der Finall hat sech Australien géint Kanada duerch ee 95:65 (51:43) Bronze geséchert.
Am meeschte gelies