EuroCup-Qualifikatioun am Basket
De Gréngewald wënnt den Allersmatch géint Uniao Sportiva

© Gréngewald Hueschtert / Facebook
En Donneschdeg den Owend hu sech d'Damme vum Gréngewald auswäerts mat 52:49 behaapt.
En Donneschdeg den Owend war de Gréngewald am Allersmatch vun der EuroCup-Qualifikatioun gefuerdert. Op den Azoren huet ee sech géint Uniao Sportiva mat 52:49 behaapt. De Gréngewald mécht domadder een éischte Schratt a Richtung Gruppephas. De Retourmatch ass den nächste Mëttwoch um 19 Auer zu Lëtzebuerg.
Bescht Scorerin beim Gréngewald war d'Dejza James mat 21 Punkten.
Am meeschte gelies