Bei den Häre wéi bei den Damme gouf et en enke Match tëscht Ettelbréck an Esch. Bartreng setzt sech géint d'Fiels duerch an de Gréngewald wënnt zu Walfer.

Um Sonndeg den Owend gouf bei den Dammen a bei den Hären am nationale Basket-Championnat den 3. Spilldag ofgeschloss.

Hären

Am éischte Match um Sonndeg wënnt d'Sparta Bartreng doheem mat 86:73 (24:20, 26:17, 19:20, 17:16) géint d'Arantia Fiels. D'Heemekipp hat an der Paus schonn eng komfortabel Avance an huet déi och an der zweeter Hallschent confirméiert, och wann de Match méi equilibréiert war. Op der Säit vun der Sparta konnt de Cameron James (18 Pkt, 18 Rb) a fir d'Fiels de Steven Lee Julian (16 Pkt, 11 Rb) en Double-Double realiséieren. De Mike Feipel (28 Punkten) an den Jamison Vashaun (29 Punkten) waren déi bescht Scorere fir béid Ekippen.

Am Härematch tëscht der Etzella an Esch sollt dat selwecht Resultat wéi bei den Dammen zustan kommen. De Basket Esch gewënnt mat 71:68 (23:17, 16:26, 16:4, 16:21) zu Ettelbréck. D'Gäscht ware besser an de Match komm, mee d'Etzella konnt de Match am zweete Véierel zu senge Gonschten dréinen. No der Paus ass bei Ettelbréck net méi vill zesummegelaf a si hu just 4 Punkten an 10 Minutte markéiert. D'Lokalekipp sollt am leschten Ofschnëtt awer nach eng Kéier un Esch erukommen an zwou Minutte viru Schluss stoung et 68-67 zu Gonschte vun der Etzella. Um Enn sollt Esch awer de besseren Ausgank fir sech hunn.

Samschdeg

An engem ausgeglachene Match zéien d’Musel Pikes um Enn mat 87:93 (29:27, 21:20, 15:25, 22:21) géint Contern de Kierzeren. Virun allem an der éischter Hallschent hu béid Ekippen op Aenhéicht agéiert a sech näischt geschenkt. D’Pikes hunn zwar béid Véierel fir sech entscheede kënnen, ma trotzdeem ass et fir d’Lokalekipp just mat enger Féierung vun 3 Punkten an d’Paus gaangen. Am drëtte Véierel hunn d’Musel Pikes dunn eng schwaach Leeschtung gewisen, wat Contern konnt ausnotzen a soumat d’Féierung konnt iwwerhuelen. An de leschten 10 Minutten hunn d’Haushäre sech nees verbessert, ma et ass net méi duergaangen, fir nach eppes um Resultat ze änneren.

No der Néierlag am Derby um leschte Weekend kann Hiefenech och zu Diddeleng net gewannen. Den T71 huet de ganze Match iwwer d’Kontroll behalen an ass mat 7 Punkte Féierung an d’Kabinne gaangen. Am drëtte Véierel ass et änlech weidergaangen, wärend déi Diddelenger et um Enn e wéineg méi roueg ugoe gelooss hunn. Zum Schluss decidéiert den T71 de Match mat 83:74 (22:16, 21:20, 25:19, 15:19) fir sech an huet elo 3 Victoiren aus 3 Matcher, wärend Hiefenech weider op den éischte Succès waart.

Zu Steesel huet d’Amicale no engem staarke leschte Véierel géint den Opsteiger aus Zolwer näischt ubrenne gelooss a souverän mat 106:76 (21:19, 24:20, 27:25, 34:12) gewonnen. Beim Champion hat virun allem den Alexander Perry Reese mat 38 Punkten ee gudden Dag erwëscht.

Resultater Hären

Dammen

D'Residence Walfer hat de Gréngewald op Besuch a verléiert um Enn mat 70:79 (19:17, 16:17, 14:21, 21:24). Déi éischt Hallschent tëscht béiden Ekippe war zimmlech ausgeglach an d'Residence ass mat engem Punkt Avance an d'Paus gaangen. Am drëtte Véierel huet de Gréngewald den Tempo ugezunn a sech eng Avance vu sechs Punkten erausgespillt. Am leschten Ofschnëtt hunn d'Damme vun Hueschtert näischt méi ubrenne gelooss. Bescht Scorerin war d'Amanda Cahill vu Walfer mat 27 Punkten.

An der zweeter Partie um Sonndeg huet sech de Basket Esch an engem enke Match mat 71:68 (21:19, 12:16, 18:20, 20:13) zu Ettelbréck duerchgesat. An den dräi éischte Véierele war et eng ganz serréiert Partie, an där béid Ekippe sech net grouss vun där anerer ofsetze konnten. Eréischt an de leschten 10 Sekonne konnt Esch déi decisiv Avance erausspillen

Samschdeg

An engem enke Match ka Contern sech um Enn mat 56:54 (10:23, 16:15, 17:7, 13:9) bei de Musel Pikes duerchsetzen. Am éischte Véierel hunn d’Pikes sech eng relativ grouss Avance erausgespillt, déi si och bis zur Paus hale konnten (38:26). Am drëtte Véierel ass bei der Lokalekipp awer dunn net méi vill gaangen, sou dass d’Spillerinne vu Contern bannent 10 Minutten nees un zwee Punkten erukomm sinn. Am leschten Ofschnëtt ass op béide Säiten net méi vill eragefall, ma um Enn ka Contern de Match awer nach dréinen an huet elo 3 Victoiren aus 3 Partien.

Méi däitlech war et am zweete Match vum Owend, wou d’Amicale sech doheem mat 89:58 (17:19, 25:9, 26:17, 21:13) géint Zolwer behaapt huet. Wärend Zolwer no den éischten 10 Minutten nach a Féierung louch, huet Steesel virun allem den zweeten an den drëtte Véierel dominéiert an domat fir kloer Verhältnisser gesuergt. D’Damme vun der Amicale feieren doduerch déi éischt Victoire vun der Saison, wärend den Opsteiger Zolwer weider ouni Succès bleift.

Am Virfeld vun der Partie tëscht Diddeleng a Wolz hunn déi Wëlzer Damme forfait erkläert, sou dass den T71 mat 20:0 gewënnt.

Resultater Dammen