Nodeems d'Damme vum Gréngewald sech am Allersmatch op den Azoren mat 52:49 behaapte konnten, gewanne si och de Réckmatch zu Lëtzebuerg souverän mat 72:54.

E Mëttwoch den Owend war de Gréngewald am Retourmatch vun der EuroCup-Qualifikatioun gefuerdert. Nodeems d'Damme sech op den Azoren géint Sportiva/Azoris mat 52:49 behaapt haten, hu si e Mëttwoch nach eng Kéier alles misse ginn, fir sech ze qualifizéieren. Dëst ass dem Gréngewald och gelongen, deen de Match doheem an eegener Hal mat 72:54 (Q1 - 17:17, Q2 - 17:9, Q3 - 22:19, Q4 - 16:9) gewanne kann a sech domadder den Ticket fir d'Gruppephas séchert.

An dëser Gruppephas och mat dobäi sinn iwwregens d'Damme vum T71 Diddeleng, déi an der Saison 21/22 jo Champion gi sinn.

Bescht Scorerin beim Gréngewald war e Mëttwoch d'Dejza James mat 32 Punkten.