Déi Escher hunn e Sonndeg nach fir de Kont vum 9. Spilldag 2:0 géint Stroossen gewonnen.

De Succès ass awer net duergaangen, dass den Trainer Henri Bossi weiderhin um Trainerstull vum Rekordchampion sëtze bleift. No der Partie hunn déi Responsabel decidéiert, de Kontrakt mam Henri Bossi an dem Co-Trainer Ronald Martinelli opzeléisen.

Et war eng Iwwerraschung, dass d'Jeunesse, déi elo 4 Matcher op eng Victoire gewaart huet, nom Succès géint Stroossen dem Henri Bossi den Trainerstull virun d'Dier setzt.

"Fir mech kënnt dat do e bëssen aus dem Näischt. Mir hate virun 2-3 Wochen eng Reunioun, wéi dat esou üblech ass, do war de Marc Theisen als President an de Kapitän, de Vize-Kapitän an nach 2 Spiller mat dobäi. Dunn hu si gesot, Trainer, kënne mir net dat eent oder anert besser maachen um Training. Ech sot, okay, well ech der Meenung sinn, dass en Trainer soll sech der Ekipp e bëssen upassen. Dunn hu mir dat e bëssen ëm-moduléiert an dofir war et fir mech schonn iwwerraschend, dass ech nom Match gesot kréien, virun der Tribün, dass si de Kontrakt wëllen opléisen."

Eng Méiglechkeet, nach eemol mat der Ekipp ze schwätzen, krut hien net méi.

"Dat war alles direkt fäerdeg. Duerno gëtt een awer ëmmer alles gewuer, si haten d'Jongen dogehalen an hinne Bescheed gesot, dass ech net méi Trainer sinn a mäin Co-Trainer och. Ech hunn hinnen awer gëschter Owend, wéi ech heemkomm sinn, nach an eise Grupp geschriwwen a Merci gesot fir déi intensiv Zäit ënner ganz schwierege Konditiounen an nach Bonne Chance gewënscht fir de Rescht vun der Saison.", esou den Henri Bossi e Méindeg am RTL-Interview.

Fir de Comité war et e Prozess, dee sech iwwer Woche gezunn huet, an et war kloer, dass, onofhängeg vum Resultat géint Stroossen, den Henri Bossi keng Roll méi géif spillen.

De President vun der Jeunesse Esch, de Marc Theisen, huet erkläert sech e Méindeg esou: "De Moien hu mir eis iwwert dat Ganzt méi am Detail ausgeschwat, well et ass och wichteg fir hien, dass hie versteet, wisou et zu esou enger Reaktioun komm ass."

Lo stellt ee sech natierlech d'Fro, wisou de Comité net scho vill éischter Handbrems gezunn huet? "Mee do kann ech Iech ganz einfach soen, mir musse jo och en Trainer hunn, deen den Dag duerno den Training hält an doranner louch d'Ursaach.", seet de Marc Theisen.

Op der Grenz iwwerhëlt elo als Interim de Jacques Müller, bis e Successeur fonnt ginn ass.