Diddeleng bleift ongeschloen, Hesper klappt Munneref
D'Jeunesse wënnt mat 2:0 géint Stroossen. Nom Match huet d‘Jeunesse sech trotzdeem vun hirem Trainer Henri Bossi getrennt.
Am nationale Futtball ass um Sonndeg de kompletten 9. Spilldag gespillt ginn.
Diddeleng ass als klore Favorit an de Match géint Déifferdeng gaangen. Dëser Favoritteroll sollt den F91 dann och gerecht ginn. No 90 Minutten heescht et 3:1 fir den nach ongeschloene Leader aus der BGL Ligue. Vun Déifferdeng ass an der 1. Hallschent offensiv kaum eppes komm, iwwerdeems den F91 duerch zwee Goler vum Bojic (22', 55') a Féierung louch. Dem FCD03 ass wuel nach den Uschloss gegléckt, den Ausgläich sollt awer net méi falen. Diddeleng bleift domat 1. an der Tabell.
D'Escher Jeunesse gewënnt no Goler vu Larrière (14') a Klica (32') mat 2:0 géint Stroossen. D'Heemekipp war virun allem an der 1. Hallschent déi spillbestëmmend Ekipp, sou dass e sech um Enn och net ganz onverdéngt géint d'UN duerchsetze kann, obwuel Stroossen sech zu kengem Moment opginn huet. D'Jeunesse huet an der Tabell mat 9 Punkten elo nëmmen nach 1 Punkt manner wéi Stroossen.
Nom Match huet d'Jeunesse sech awer vun hirem Trainer Henri Bossi getrennt.
Rouspert gewënnt mat 3:1 géint d'Etzella. D'Heemekipp louch tëschenzäitlech mat 2:0 a Féierung, Carratala-Jimenez a Bouché hu markéiert. Nom Uschloss vum Rapaille an der 71. Minutt huet d'Etzella nach emol alles no vir gehäit, sollt den Ausgläich awer net méi markéieren. De Spruds huet mam 3:1 fir d'Entscheedung gesuergt. Rouspert huet elo 7 Punkten, d'nämmlecht vill wéi d'Fola, déi zu Käerjeng verluer hunn.
Den Opsteiger vu Käerjeng ka sech mat 3:2 géint d'Escher Fola duerchsetzen. Etoundi an der 25' a Jänisch an der 34' hunn an der 1. Hallschent de Grondstee fir d'Victoire geluecht. Nom Säitewiessel sollt den Titizian den Deckel zou maachen. Käerjeng spillt als Opsteiger domat weider eng ganz stabil Saison, iwwerdeems d'Fola no der Victoire vu Rouspert op der leschter Plaz läit.
Virun 205 Supporter huet Wolz am eegene Stadion géint Péiteng mat 0:2 de Kierzere gezunn. Abreu (33') a Tekiela (74') hunn d'Goler fir d'Visiteure geschoss.
De Progrès Nidderkuer spillt mam Racing0:0-Gläich. Wierklech hëllefe mécht dat kenger Ekipp. De Racing bleift op der 3. Plaz an der Tabell iwwerdeems Péiteng op der 5. Plaz ass.
An och am Match Hueschtert géint Monnerech sollt um Sonndeg beim 0:0 kee Gol falen.
Hesper ka sech mat 4:2 géint Munneref behaapten. No 10 Minutte louch de Swift duerch Belameiri a Stolz mat 2:0 a Féierung. Domat sollt et och an d'Paus goen. Nom Säitewiessel huet Munneref banne 5 Minutten zwee Goler markéiert an de Match nees ausgeglach. Vu laanger Dauer sollt d'Freet awer net sinn, huet den Nouvier nëmmen 2 Minutte méi spéit den 3:2 geschoss An der Nospillzäit huet de Stolz de Sack zou gemaach, sou dass Hesper an der Tabell weider 2 Punkten hannert dem F91 läit.