De Basketclub US Hiefenech huet vun den éischten 10 Championnatsmatcher der 9 verluer a steet aktuell op der leschter Plaz an der Tabell.

Elo hu se, wéi de President Romain Seiler sot, "tabula rasa" gemaach. Zwee nei Amerikaner goufen engagéiert. De Romani Hansen ass 2,03 m grouss, 25 Joer al an huet fir d'lescht zu Basel gespillt. De Grantham Gillard ass 1,93 m grouss, och 25 Joer al. Hien war fir d'lescht an Argentinien lizenzéiert.