E Mëttwoch den Owend goufe bei der Handball-Weltmeeschterschaft d'Véierelsfinalle gespillt.

Iwwerdeems sech Dänemark an de Véierelsfinalle vun der Handball-Weltmeeschterschaft mat 40:23 géint Ungarn duerchsetze konnt, huet Spuenien Norwegen an der Verlängerung ganz knapp mat 35:34 geklappt.

Och Schweden huet knapp mat 26:22 géint Ägypten gewonnen. Am Duell Frankräich géint Däitschland hunn d'Fransouse sech mat 35:28 duerchsetze kënnen.

Domat spillen de 27. Februar Frankräich a Schweden géinteneen a Spuenien géint Dänemark.