Bei den Hären huet den HB Esch mat 27:29 géint d'Red Boys de Kierzere gezunn. Bei den Damme gouf et eng kloer Victoire fir den HB Käerjeng géint Museldall.
Am nationalen Handball-Championnat stoung bei den Dammen a bei den Hären den Optakt vum Titel-Playoff um Programm.
Axa League Hären
Bei den Hären huet sech HB Esch an engem serréierte Match misse mat 27:29 géint d'Red Boys geschloe ginn. Ufanks war et d'Lokalekipp vun Déifferdeng, déi besser an de Match fonnt hat a sech tëschenzäitlech e Virsprong vu bis zu véier Goler erausspille konnt. Siwe Goler an der éischter Hallschent vum Jacques Tironzelli hunn déi Escher nach am Match gehalen. No der Paus koume si da besser eran a sou gouf zimmlech séier aus dem Réckstand eng Féierung fir den Tabelleleader. D'Red Boys sinn awer weider dru bliwwen an hu de Match oppe gehalen. Duerch fënnef Goler vum Roman Becvar an de leschte 15 Minutte wënnt Déifferdeng um Enn mat 27:29 géint den HB Esch, dee seng Konkurrenz an der Tabell domat rëm méi no u sech léisst.
An den zwou weidere Partië vum Owend konnt sech den Handball Käerjeng mat 25:21 géint Dikrech duerchsetzen a fir den HC Bierchem ass et e 34:32-Succès zu Diddeleng ginn.
Spillplang Häre Playoff
Relegatioun Hären
Axa League Dammen
Fir den HB Käerjeng gouf et virun den eegene Spectateuren e kloere 37:14-Succès géint den HB Museldall. An enger ausgeglachener Ufanksphas konnten d'Gäscht nach déi éischt gutt fënnef Minutte mathalen, ma duerno haten déi Käerjenger an de Match fonnt a waren net méi ze stoppen. No 30 Minutte stoung sou eng 19:7-Féierung an och no der Paus konnt den HB Museldall net méi dergéinthalen. Eng gutt Ekippeleeschtung an eng staark Teodora Galic mat fënnef Goler hunn um Enn déi verdéngt Victoire fir den Tabelleleader geséchert.
Punktgläich Tabelleleader bleift awer weiderhin och den HB Dideleng, dee sech mat 34:15 géint den CHEV Dikrech behaapt huet an am drëtte Match vum Owend gouf et fir den Handball Esch eng 19:24-Néierlag géint d'Red Boys.