An der Finall zu Stockholm huet sech déi dänesch Ekipp mat 34:29 géint Frankräich duerchgesat an ass domat fir déi drëtt Kéier hannertenee Weltmeeschter.

Duerch eng 34:29-Victoire an der Finall zu Stockholm huet sech Dänemark e Sonndeg den Owend géint Frankräich den drëtte Weltmeeschtertitel geséchert. Déi 3. Plaz war e Sonndeg de Mëtteg no engem 39:36-Succès géint Schweden u Spuenien gaangen.

De bessere Start an d'Finall an der Tele2 Arena zu Stockholm hat den Titelverdeedeger Dänemark erwëscht. Mat dräi Goler vum Simon Pytlick an enger gudder Defense an den éischte fënnef Minutten sinn d'Fransouse fréi engem klenge Réckstand hannendru gelaf. Dëse war tëschenduerch bis op 5 Goler geklommen, mat der Zäit krut de Rekordweltmeeschter sech awer gefaangen a konnt bis zur Paus bis op ee Gol erukommen. Ënnert anerem e staarke Nedim Remili huet säin Deel dozou bäigedroen.

No der Paus war de Match da weider serréiert. Dänemark krut sech elo net méi sou séier ofgesat well déi franséisch Ekipp elo ëmmer nees eng Reaktioun weise konnt. Wat d'Auer awer ëmmer méi no un d'60 Minutte komm ass, wat ëmmer méi fir eng dänesch Victoire geschwat huet. E Rasmus Lauge Schmidt an Toppform huet an der Schlussphas den Deckel drop gemaach a sou wënnt Dänemark no 2019 an 2021 den drëtte Weltmeeschtertitel hannerteneen.