De passenden Trainer fir d'Red Boys
Enn 2022 hunn net just d'Red Boys vun Déifferdeng en neien Trainer gesicht, mä de fréieren Trainer vun Diddeleng, den Nikola Malesevic, och eng nei Ekipp.
Bei der Härenekipp vun de Red Boys war et Enn des Jores souwäit, dass keen Trainer méi do war. Et huet ee sech Zäit gelooss an et ass fir d'éischt mol eng intern Léisung als Iwwergang gesicht ginn. A wéi den Zoufall sou spillt, grad an deem Moment ass den Diddelenger Trainer virun d'Dier gesat ginn. Als Profi huet den Nikola Malesevic deenen Déifferdenger zougesot, wéi hie gefrot ginn ass. Den Nikola Malesevic schéngt dee Mënsch ze sinn, deen d'Red Boys Spiller brauchen. Bei de Red Boys si vill individuell gutt Spiller, deenen ee muss e Kader bidden, an deem hir Qualitéiten zum Wuel vun der Ekipp zum Droe kommen. Kollektiv spillen an trotzdeem den Erfolleg géint de Géigner net vergiessen. Dat ass eng gelleg Erausfuerderung fir en Trainer, dee seng Individuen awer muss bei Laun halen.
A kaum sinn deen neien Trainer an d'Red-Boys-Spiller matenee bekannt ginn, erwaarde si fir deen éischte Match 2023 de Champion Esch zu Nidderkuer an der Hal.