Käerjeng gewënnt 29:28 bei der Red Boys
Virun der klenger Championnatspaus stoung nach en Nodrosmatch aus dem viregten Tour vum Championnat um Programm.
Axa League Hären
Am Härenhandball huet sech Käerjeng mat 29:28 am Nodrosmatch vum viregte Championnats-Tour géint d'Red Boys Déifferdeng duerchgesat. Et war e ganz intensive Match a keng Ekipp konnt sech méi wéi dräi Goler ofsetzen, sou goung et mat 16:15 fir d'Red Boys an d'Kabinnen. Och an den zweeten 30 Minutte war et dat selwecht Bild a sou ass de Match an der Crunchtime decidéiert gouf. Siwe Sekonne viru Schluss huet den Dragan Vrgoc den decisive Gol fir Käerjeng geschoss. Déifferdeng hat no engem Time-Out nach d'Méiglechkeet op den Ausgläich, mee dee sollt hinnen net geléngen. D'Gebridder Aldin an Armin Zekan ware mat sechs Goler fir hir jeeweileg Ekippe bescht Buteure vum Match.
Käerjeng ass elo neien Tabelleleader virum HB Esch, Déifferdeng huet schonn aacht Punkte Réckstand op Plaz 1.