Am nationalen Handball-Championnat ass e Samschdeg den Owend ënner anerem den 3. Spilldag vum Titel-Playoff bei den Häre gespillt ginn.

Handball-Championnat: Bierchem-Käerjeng / Resumé vum Serge Olmo

Axa League Hären

Den HC Bierchem wënnt de Spëtzematch géint den HB Käerjeng relativ däitlech mat 35:25. No der 6. Minutt konnten déi Käerjenger de ganze Match iwwer net méi a Féierung goen. Bis an déi 20. Minutt war et ee serréierte Match, ma du konnt Bierchem 4 Goler um Stéck schéissen an domat eng 16:12-Avance mat an d'Kabinnen huelen. Och am zweeten Duerchgang hunn d'Visiteuren et net méi gepackt, nees den Uschloss ze fannen an hiren Réckstand huet sech ëmmer weider vergréissert.

D'Red Boys sinn zu Diddeleng mat enger Avance vu 6 Goler an d'Paus gaangen. Déi sollte si sech bis zum Schluss net méi huele loossen, soudass d'Partie mat 26:31 op en Enn geet.

Nodeems et an der éischter Hallschent nach no engem iwwerraschend enke Match tëscht dem Handball Esch an dem Chev Dikrech ausgesinn huet, konnten déi Escher am zweeten Duerchgang dovun zéien a sech mat 31:19 behaapten.

Am Relegatioun-Playoff huet Schëffleng den HC Atert Réiden mat 50:23 iwwerrannt, wärend Rëmeleng dem HB Bieles beim 37:20 keng Chance gelooss huet.

Spillplang Häre Playoff

Relegatioun Hären

Axa League Dammen

Am Spëtzematch vum Dag am Titel-Playoff tëscht de Red Boys Déifferdeng an dem HB Käerjeng heescht et um Enn 29:23. Et war vun Ufank un eng serréiert Partie a bis zur Paus konnt keng Ekipp sech eng Avance vu méi wéi 2 Goler erausspillen. Kuerz virum Téi hunn d'Red Boys d'Féierung mat duerch 3 Goler um Stéck iwwerholl, soudass et mat 15:13 an d'Vestiaire gaangen ass. No der Paus kruten d'Spectateuren ee ganz anert Bild gebueden. Déifferdeng ass no 7 Goler um Stéck mat 23:14 a Féierung gaangen, wat Käerjeng bis zum Schluss net méi ophuele konnt.

Den HB Diddeleng huet iwwerdeems dem HB Museldall keng Chance gelooss a sech souverän mat 28:11 duerchgesat.

Méi enk war et an der Partie tëscht dem HB Esch an dem Chev Dikrech, ma och hei konnt d'Lokalekipp sech mat 20:15 behaapten.

Am Relegatioun-Playoff huet Schëffleng sech misse mat 19:21 géint Miersch geschloe ginn, wärend Bieles däitlech mat 33:18 géint Réiden gewonnen huet.

Spillplang Damme Playoff