
De Johannes Thingnes Bö zu Oberhof / © SID/TOBIAS SCHWARZ
En Donneschdeg konnten d'Bö-Bridder aus Norwegen am Häre-Sprint zu Nove Mesto sech virun den aneren Athleten duerchsetzen.
Den 29 Joer ale Johannes Thingnes Bö - fënneffache Weltmeeschter zu Oberhof - huet d'Course iwwer 10 Kilometer ouni Schéissfeeler dominéiert an huet mat 30 Sekonne Virsprong op säi Brudder de Weltcup-Sprint gewonnen. Mam Sjaastad Christiansen an dem Endre Strömsheim gouf et e véierfachen Triumph fir Norwegen.
Fir de Johannes Bö war et schonn déi zwieleft Eenzel-Weltcup-Victoire an dësem Wanter, nieft véier Reussitte mat der Staffel. Eng Gesamt-Victoire fir den Norweger schéngt immens probabel.