Virum Match géint d'Tierkei ass et d'Nouvelle, datt de Yann Hoffmann an de Felix Werdel wéinst Blessure Forfait erkläre mussen.

E Méindeg war et an der Coque d'Pressekonferenz vun der Handballfederatioun am Kader vun der Partie géint Tierkei. Fir e Mëttwoch kënnen elo kuerzfristeg fir d'EM-Qualifikation de Yann Hoffmann an de Felix Werdel blesséiert net matspillen. Fir de Yann Hoffmann am Réckraum z'ersetzen, huet de Martin Muller, deen sech aus der Nationalekipp zeréckgezunn hat, säin Accord gi fir sécher den Heemmatch géint Tierkei ze spillen. De Kapitän vun der FLH Selektioun Tommy Wirtz sollt blesséiert feelen. De Diddelenger probéiert den Owend a muer um Training, ob hien awer vläicht seng Plaz e Mëttwoch kann halen.