
Am Ufank vun der Partie huet et der FLH-Formatioun einfach un der Reussite virum Gol gefeelt an doduerch koume si an e Réckstand, deem si nolafe missten.
Déi rout Léiwe sinn zwar an den éischte Sekonne gutt an de Match gestart, mat enger Balleroberung an enger 2-Minutte-Strof géint d'Tierken nach an der 1. Minutt, ma hinnen huet d'Reussite beim Schoss op de Gol gefeelt. Nieft engem siwe Meter hu si an den éischten 8 Minutten och all hir aner Chancë leie gelooss, an esou ware si fréi 0:3 an esouguer no 10 Minutten 1:5 hannen. No 18 Minutten haten d'Tierke scho véier Mol zwou Minutten an awer louchen d'Lëtzebuerger zu deem Ament mat 4:8 am Réckstand. U sech sollt sech um Ecart tëscht béiden Ekippen, mol ee Gol méi an ee Gol manner, bis zu Paus wéineg änneren. Dat awer och, well d'Lëtzebuerger net wierklech vun hiren Iwwerzuelen an duebelen Iwwerzuele konnte profitéieren. Esou goufen d'Zäite beim 14:10 fir d'Tierke gewiesselt.
De Pausentéi huet de Lëtzebuerger gutt gedoen a si koume besser a méi aggressiv aus der Vestiaire. Esou ass den tierkesche Virsprong vu 4 Goler an der Paus op ee Gol no 40 Minutte geschmolt. Ma no zwee Feeler vun de Lëtzebuerger war den Ecart nees innerhalb vun 90 Sekonnen op 21:18 fir d'Tierke geklommen. An och nees dunn hunn d'Rout Léiwen et verpasst, fir nees bäizekommen, well hinne beim Ofschloss d'Nerve versot hunn. No 45 Minutte stoung et 20:23 aus der Siicht vun der Heemekipp. Ma d'Lëtzebuerger koumen zeréck an et hat sech eng interessant Schlussphas annoncéiert, well 10 Minutte viru Schluss waren d'Rout Léiwen nach just 1 Gol beim Stand vun 23:24 am Réckstand. Lëtzebuerg war och bis den 28:28 erukomm, ma zwou Feelpasse vun de roude Léiwen an de leschten zwou Minutten hunn dofir gesuergt, datt si net a Féierung konnte kommen, mä datt d'Gäscht aus der Tierkei an de Schlusssekonnen den 30:29 markéiere konnten.