Mat 60 Joer hat d’Tun Gary-Kox eigentlech Wëlles, an d’Pensioun ze goen. Elo sinn et awer 10 Joer méi gi wéi geduecht.
No dëser Saison geet hir Zäit beim HB Museldall awer op en Enn.
D’Tun Gary-Kox ass en wichtegen Deel vum Handball Museldall. Zënter 1999 ass si aktiv als Trainerin a Comitésmember am Veräin. De Nowuess an d’Fuerderung am Jugendberäich am Club ass eng Thematik, déi hir um Häerze läit. Aus deem Grond huet si sech elo bal 25 Joer dorëm bekëmmert, an deem Zesummenhang beim HB Museldall eppes opzebauen. Mëttlerweil besteet de Club aus 8 Jugendekippen. En Zil, dat hir mat Bravour gelongen ass.
An hirer Jugend huet d’Tun Gary d’Sportaart an der LASEP kennegeléiert, mä zu hirer aktiver Spillzäit waren d’Viraussetzunge fir den Dammenhandball net immens. Am Alter vun 20 Joer ass si 1973 bei den HB Diddeleng gaangen. Zwee Joer laang gouf awer kee Championnat, mä just deen een oder anere Frëndschaftsmatch gespillt. Niewent Péiteng a Diddeleng hat kee Veräin eng Dammenekipp zu Lëtzebuerg. 1975 gouf dunn dat éischt Championnat bei den Damme gespillt.
An der Dammenekipp vum Miseler Veräin gouf dëst Joer net no auslännescher Verstäerkung gesicht. En Grond dofir, seet d’Tun Gary, ass, dass d’Damme vum HB Museldall, déi 2017 den Doublé geholl haten, nämlech aus jonken an nationale Spillerinne bestanen hunn. Just eng Auslännerin, Tanya Nykytenko, war zu dësem Moment eng Hëllef an der Ekipp bei den Dammen.
Momentan besteet d’Ekipp och gréisstendeels aus den U17 Meedercher, wat bedeit, dass e Puer Spillerinnen zwee Matcher de Weekend spillen. Eng Leeschtung, déi een dem Tun Gary no muss luewen. Si seet selwer: "Eis Jugend ass d’Zukunft vum Veräin."
Och wann d’Tun Gary d’Kanner elo net méi weider trainéiere wäert, well si d’Jugendekippen trotzdeem vun der Tribüne aus ënnerstëtzen an dem Club behëlleflech sinn, wann een eppes brauch.