
© Archiv
Am Dammenhandball stoung e Samschdeg de 4. Spilldag vum Titel-Playoff a vum Relegatioun-Playoff um Programm.
Am Spëtzematch vum Spilldag huet den HB Diddeleng vun Ufank un näischt ubrenne gelooss. Zu Déifferdeng ass d'Lokalekipp net gutt an de Match komm, soudass si schonn no 20 Minutten ee Réckstand vu 6 Goler opzehuelen hat. Mat enger Féierung vun 8 Goler fir déi Diddelengerinnen ass et schliisslech an d'Paus gaangen (8:16). Och no der Paus hunn d'Spillerinne vun Déifferdeng net an de Match fonnt an déi Diddelenger Avance huet sech weider vergréissert. Um Enn heescht et soumat 17:29 aus Siicht vun de Red Boys.
An engem enke Match, an deem et an der Paus 12:12 stoung, huet den HB Esch géint den HB Käerjeng mat 23:25 de Kierzere gezunn.
Den HB Museldall hat doheem géint de Chev Dikrech keng Chance an huet sech misse mat 17:31 geschloe ginn.
Am Relegatioun-Playoff huet iwwerdeems Réiden mat 28:22 géint Miersch gewonnen, wärend den HBC Schëffleng den HC Standard mat 23:21 geklappt huet.