No engem schlechte Start am Allersmatch hu sech d'Lëtzebuerger missten doheem duerch e spéide Gol vun den Tierke mat 29:30 geschloe ginn.

An änlech wéi e Mëttwoch hunn déi Rout Léiwen och e Sonndeg beim Retourmatch de Start verpasst. No 10 Minutte louche si schonn 1:6 hannen, obwuel si direkt den éischte Gol vun der Partie schéisse konnten. Dono waren d'Lëtzebuerger besser am Spill a konnte kuerzzäiteg op 8:6 verkierzen. Ma déi gutt Phas vun de Roude Léiwen huet net laang ugedauert, well bis zur Paus konnt d'Heemekipp sech en Avantage vun 9 Goler (17:8) erausspillen.

Am Ufank vun der zweeter Hallschent haten d'Tierken sech nach e bëssen ofgesat, ma am Laf vun den éischten 10 Minutte koumen d'Rout Léiwen nees zeréck op den alen Ecart. D'Attack vun de Lëtzebuerger ass e bësse besser gelaf nom Säitewiessel an esou war en den Tierken net méi esou einfach, fir hire Virsprong weider séier auszebauen. No ronn 50 Minutten war d'Heemekipp awer scho mat 28:16 am Avantage. D'Rout Léiwe koumen nach eng Kéier op 10 Goler bäi beim Stand vun 28:18, ma e vill besseren Ecart war net méi ze maachen. Esou verléiere si zum Schluss kloer mat 31:20 an der Tierkei.