De Lëtzebuerger Handball ass no de rezente Resultater vun der Nationalekipp am Schock.

An de leschten Deeg huet déi Lëtzebuerger Hären-Handballnationalekipp an der Europameeschterschaftsqualifikatioun géint d'Tierkei zweemol missen eng sauer Defaite astiechen. Heiheem, well een onnéideg op ee Gol verluer huet an, an der Tierkei, well een do carrement ënnert d'Rieder koum.

Schock am Lëtzebuerger Handball

Ma net just op sportlechem Plang gouf et Problemer bei de rezenten zwee Matcher. Och an der Struktur ronderëm huet net alles geklappt, wéi et soll. Elo ass et dem President vun der FLH no um CA fir ze kucken, wéi een esou eppes an Zukunft ka vermeiden.

No den desolate Resultater géint d'Tierkei ass et fir den FLH-President Dr Romain Schockmel elo wichteg, "fir ganz schnell déi richteg Froen ze stellen, fir déi richteg Decisiounen ze huelen".