
No de schlechte Prestatioune vun der Hären-Nationalekipp an der EM-Qualifikatioun géint d'Tierkei hat sech d'Decisioun vun der FLH schonn ugedeit.
Déi leschten Deeg huet et zerguttst an de Lëtzebuerger Handballkreesser ramouert. En Dënschdeg den Owend koum dunn de Conseil d'Administration vun der FLH zesummen an et gouf tranchéiert. Den Nationaltrainer Nikola Malesevic a säi Co-Trainer musse goen.
"No de schlechte Resultater war et wichteg eis déi richteg Froen ze stellen an eventuell och déi richteg Decisiounen ze huelen. Den CA ass zesumme komm a mir hunn unanime decidéiert, fir den Nationaltrainer Nikola Malesevic vu senge Funktiounen als Nationaltrainer fräi ze stellen an och de Co-Trainer. Mir hunn elo den Directeur Technique dozou verflicht, den Interim bis un d'Enn vun dëser Campagne ze assuréieren an duerno och een neien Nationaltrainer ze sichen", erkläert de Romain Schockmel.
De President vun der FLH ass sech awer bewosst, datt et net duergeet, datt et elo een Trainerwiessel gouf. Op all Niveau muss sech a Fro gestallt ginn. Dofir ass de Romain Schockmel frou, datt sech eng Partie Leit elo ugebueden hu fir eng Hand mat unzepaken.
"Mir krute vun Leit vun auswäerts hiren zousätzlechen Asaz proposéiert, fir kënnen am C.A. matzewierken. Et sinn awer nach keng Decisiounen gefall. Mir wäerten dat ganz genau ënnersichen an da kucken, fir si ze Co-Optéieren am C.A."
De Romain Schockmel huet och nach gesot, datt, wann een de Lëtzebuerger Handball wëll no vir bréngen, ee globaalt Konzept muss op d'Bee gestallt ginn. "Mir mussen eis eens ginn, fir dass mir eng gemeinsam Handball-Philosophie mam Directeur Technique, mam Nationaltrainer an awer och mat de Veräinstrainer festleeën. An domadder deen Avantage, deen déi aner Länner hunn, well se vill méi Lizenzéierter hunn, datt mir dee kënnen ausgläichen, andeem mir méi effikass an och méi punktuell op déi verschidde Philosophie kënnen agoen."
De Maik Handschke assuréiert elo den Interim, bis déi aktuell EM Campagne eriwwer ass. Den Däitschen ass schonns 2017 eng Kéier als Pompjee agesprongen.