E Freideg an der Mëttesstonn goufen zu Nyon d'Matcher fir d'Véierelsfinallen an der Champions League gezunn.

Manchester City géint Bayern München, dat wier fir vill Leit déi perfekt Final gewiescht. Dat ass awer elo sécher net de Fall. Fir eng vun den zwou Ekippen ass no de Véierelsfinalle Schluss. An deem Match dierft, fir den RTL-Expert Paul Philipp, vill Brisanz dra sinn. Virun allem wann ee weess, datt den aktuellen Trainer vu City, Pep Guardiola, 3 Mol mat Bayern München an d'Halleffinall vun der Champion League komm ass. Den Champions League-Gewënner vum leschte Joer, Real Madrid, kritt et mat d'Chelsea ze dinn. Dat ass iwwregens de Remake vun der Véierelsfinall vum leschte Joer. Trotz de risegen Investmenter, déi bei Chelsea gemaach goufen, ass de Paul Philipp der Meenung, datt de Real een Tour weider kënnt.

An deenen zwou anere Partien sinn net manner wéi 3 italieenesch Ekippe mat dran. Den Inter vu Mailand kritt et mat Benifca Lissabon ze dinn an den AC Mailand muss géint Neapel untrieden. Et ass kloer, datt op d'mannst eng Ekipp aus de Serie A et an d'Halleffinalle packt. Eventuell kéint et awer och zum Derby tëscht AC an Inter kommen. Wat Neapel ugeet, seet de Paul Philipp, datt een den Tabelleleader aus dem italieeneschen Championnat muss op der Rechnung hunn, fir et bis an d'Finall ze packen.

D'Allersmatcher sinn den 11. an 12 Abrëll. Eng Woch drop sinn d'Retourmatcher.