Nieft der Futtball-Champions League goufen dann och d'Véierelsfinallen an der Europa League ausgeloust.

Den Anthony Moris an d'Union St.Gilloise kréien et wéi gesot mat Leverkusen ze dinn.

Manchester United spillt géint Sevilla.

Juventus kritt et mat Sporting Lissabon ze dinn.

An et kënnt zum Duell tëscht Feyenoord Rotterdam an dem AS Roum.

D'Aller- an Retourpartien an der Europa League ginn donneschdes den 13. bezéiungsweis den 20. Abrëll gespillt.