Dobäi konnt sech Déifferdeng däitlech mat 36:21 géint de Chev Dikrech duerchsetzen an den HB Esch gewënnt verdéngt mat 32:28 géint Bierchem.

Am nationalen Handball dréit sech dës Woch alles ronderëm de Final Four vun der Coupe, deen esouwuel bei den Damme wéi bei den Hären am Gymnase vun der Coque gespillt gëtt.

Resumé éischt Halleffinallen am Handball / Reportage Serge Olmo

Déifferdeng ass an der éischter 1/2-Finall bei den Hären als klore Favorit an de Match gaangen, a si sinn dëser Roll dann och gerecht ginn. Um Enn steet eng 36:21-Victoire fir den Titelverdeedeger géint Dikrech um Spillbou. Bierchem géint Esch war deen erwaarte serréierte Match bei deem sech um Enn Esch ka mat 32:28 géint d'Ekipp aus dem Réiserbann duerchsetzen.

Déifferdeng - Dikrech 36:21

Dikrech ass virun allem an der Ufanksphas guer net an de Match komm a louch no 8 Minutte scho mat 0:7 a Réckstand. Déifferdeng huet ëmmer nees mat schnellem Handball äiskal virum Gol vun Dikrech zougeschloen. Dikrech krut sengersäits an der Offensiv kee geféierlechen Ofschloss hin. Ganzer 14 Minutten huet et deemno gedauert, bis de CHEV säin éischte Gol duerch de Mikolaj Szymslik konnt markéieren. 19:7 huet de Score an der Hallschent fir d'Red Boys ugewisen. Nom Säitewiessel sollt sech um Match net méi vill änneren. Dikrech huet de Kapp wuel net an de Sand gesat, an huet versicht de Match esou gutt et geet zu Enn ze spillen. Vill doe sollt sech awer net méi sou dass Déifferdeng mat 36:21 géint Dikrech gewënnt an domat e Samschdeg den Owend em den Titel an der Coupe spillt.

Esch - Bierchem 32:28

Déi Escher hunn e kontrolléierte Spillopbau an der Offensiv gewisen, an esou ëmmer nees de Martin Müller a Szene bruecht. Elleng 6 Goler an der 1 Hallschent huet den Escher geschoss a war domat beschte Buteur um Terrain. Esch war alles an allem méi effektiv an der 1. Hallschent a louch deemno och déi ganzen Zäiten verdéngt a Féierung. Mat 16:12 ass et fir d'Lallenger an d'Paus gaangen. Bierchem huet nom Téi wuel alles versicht, mee et war um Donneschdeg Owend kee Kraut géint eng staark Escher Ekipp gewuess. Esch louch déi ganzen Zäit iwwer tëscht 4 a 6 Goler am Avantage a bréngt dëse Virsprong dann och iwwer Zäit. An der Finall spillen si e Samschdeg den Owend géint Déifferdeng.


Dammen 1/2 Finalle ginn e Freideg gespillt.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Coupe Hären

Coupe Dammen

Programm

Freideg 31. Mäerz 2023 (Dammen 1/2 Finallen)
18h30 HB Dideleng  - Chev Dikrech
20h45 HB Käerjeng - HB Esch

Samschdeg 1. Abrëll 2023
14h00 HB Dideleng - HBC Schëffleng - U13 Mixte
15h45 HB Esch 2 - Red Boys 2 - FLH Männer
17h45 HC Bierchem - HB Esch - U17 Jongen
20h15 Häre Finall

Sonndeg 2. Abrëll 2023
14h00 Esch/Schëffleng - HB Käerjeng - U15 Jongen
16h00 HB Museldall - HC Standard - U14 Meedercher
18h00 Damme Finall