Diddelenger U17-Dammen-Ekipp stoung am Fokus
34 Joer laang stoungen d'Jongen am Mëttelpunkt vum Youth Cup. Dëst Joer huet den HB Diddeleng d'U17 Meedercher an d'Vitrinn gesat.
Zanter 2 Joer ass d'U17 Meederchers Ekipp vum HB Diddeleng am nationale Championnat ouni Konkurrenz,, an huet nach kee Match verluer. De Veräin huet d'Ekipp dunn och a Frankräich, an d' Ligue Grand Est ageschriwwen, mee do däerfen si awer nëmme bis e gewëssenen Niveau matspillen, an si sinn och do nach ongeschloen. De Veräin huet hinnen dunn am Kader vum Youth Cup, 10 Ekippen aus 10 verschiddene Länner um Plateau zerwéiert, fir sech emol u méi staarke Géigner kënnen ze moossen.
Wärend deenen 2 éischte Mätscher vum Turnéier, hunn d'Meedercher vum HB Diddeleng festgestallt dass international eng aner Musek gespillt gëtt, wéi déi, déi si gewinnt sinn. Sou stoungen no den 2 éischte Mätscher, 2 Defaiten um Arbitter-Bou.
Duerno huet et geklappt. 2 Matcher haten si gebraucht, fir sech un deen internationalen Niveau ze gewinnen. An et koumen 3 Victoiren hannerteneen. Géint eng d'Equipe aus Éisträich mat 10 Goaler, géint de Géigner aus Holland, mat 8 a an mat 5 Goaler géint de finnesche Vertrieder. D'U17 vum HBD huet dunn disziplinéiert a konzentréiert gespillt. Et ware wéineg technesch Feeler ze gesinn, an et goufen handballeresch Finessë gebueden, déi ee soss a Kategorië méi héich erlieft. Leider ass de Youth Cup nëmmen eemol am Joer an duerno kommen erëm déi liicht Matcher am Championnat.
D'Evolutioun vun dëse jonken talentéierten, motivéierte Spillerinnen, sollt een am A behalen.
Banik Most aus der Tschechescher Republik huet den internationalen Turnéier gewonnen. D'Meedercher vum HB Diddeleng sinn op déi 6. Plaz komm ënner 10 Ekippen aus 10 Länner.
Bei den U19-Jongen huet den HB Diddeleng den Turnéier gewonnen no enger 28:19-Victoire an der Finall géint Grankulla aus Finnland.