Ufank de Joren 2010 haten déi stäerkst Lëtzebuerger Handball-Veräiner un der Benelux League deelgeholl, zesumme mat Toppveräiner aus Holland an der Belsch.

Viru Kuerzem ass déi Lëtzebuerger Federatioun nees gefrot ginn, fir eventuell zesumme mat den zwee anere Benelux-Länner nees un enger gemeinsamer neier Benelux League deel ze huelen. E Méindeg den Owend war eng Konferenz tëscht der Federatioun an de Veräinspresidenten, fir ze decidéieren, ob d'FHL den Optrag kritt, an d'Gespréicher ze goe mat de Federatiounen aus der Belsch an aus Holland, fir eventuell d'Benelux League ze relancéieren.

D'Presidente vun alle Veräiner ware present an no deem Echange der Meenung, net e reegelrecht Championnat z'organiséieren, mee eventuell eppes méi Punktuelles unzegoen, wéi e Genre mini Coupe d'Europe fir d'Benelux-Länner oder eng Benelux-Coupe. Déi Propos gëtt déi nächst Deeg den zwou anere Federatioune virgedroen.